Zanter 1704 verschafft d’Famill Muller Kären, fir Iech Miel an Nuddelen unzebidden, aus deenen een de ganze Räichtum vun der Natur erausschmaacht. Dofir schafft eise Lëtzebuerger Familljebetrib Hand an Hand mat de Baueren aus der Regioun, ganz am Zeeche vun enger Approche, déi vill Wäert op Nohaltegkeet leet.
Déi ganz Gamm vu LE MOULIN-Produite staamt direkt aus eiser Géigend a luet Iech an, e Stéck Lëtzebuerg an Äre Liblingsrezepter ze verschaffen.
D’Miel vu LE MOULIN entsteet ganz am Respekt vun eiser laangjäreger Mëllertraditioun. Mat Miel vu LE MOULIN kënnt Dir e Stéck Lëtzebuerger Terroir an Är beschte Preparatiounen integréieren.
D’Nuddele vu LE MOULIN bestinn aus Spaghettiweess, deen zu Lëtzebuerg ugebaut gëtt. Verfeinert Är leckerst Plate mat dësem natierleche Produit, deen am Respekt vun eisem Terroir a mat vill Passioun hiergestallt gëtt.
Als Lëtzebuerger Acteur engagéiere mir eis fir eise lokalen Ekosystem a fillen eis dofir verantwortlech. Mir probéieren deemno all Dag, alles wat méiglech ass, zu Lëtzebuerg ze produzéieren. Wann eppes net op eisem Territoire hiergestallt ka ginn, da kucke mir eis an der Regioun ëm, woubäi mir eis ëmmer ëm méiglechst kuerz Weeër beméien.
« Mat eisen iwwerliwwerte Muelmethoden an eisem feste Wëllen, d'nohalteg Landwirtschaft aktiv ze ënnerstëtzen, setze mir alles dru fir eise Clienten qualitativ héichwäerteg an natierlech Nuddelen a Mielzorte voller Goût unzebidden. »– Jean Muller, Direkter vu Moulins de Kleinbettingen