Zoubereedung: 20 min – Schäffchen: 1St.
Fir 1 Kuch vun 20x10cm:
Hëtzt de Schäffchen op 180 °C Umluft vir.
Mixt an enger Schossel de Botter mam Zocker a mam Vanillzocker. Gitt d’Eeër eent nom aneren derbäi, andeems Dir alles weider mam Mixer verréiert.
Rappt d’Schoul vun der enger Zitroun, dréckt de Jus vun der Zitroun aus a gitt d’Zitrouneschuel an 2 Zoppeläffel Zitrounejus bei d’Eeërmëschung.
Vermëscht an enger anerer Schossel d’Miel mam Backpulver an enger Grimmel Salz. Gitt dat Ganzt bei d’Eeërmass derbäi a vermëscht alles kuerz, bis den Deeg schéi glat ass.
Weit 150 g Molbier of a vermëscht se gutt mat 1 Zoppeläffel Miel. Hieft d’Molbier duuss ënnert den Deeg.
Fett eng rechteckeg Cakeform vun 20×10 cm an a kleet de Buedem mat Bakpabeier aus. Schëtt den Deeg an d’Form a baakt de Kuch wärend 15 Minutten am virgehëtzten Uewen.
No 15 Minutten, verdeelt déi reschtlech 50 g Molbier um Kuch a loosst de Kuch nach 45 Minutte weiderbaken, bis e liicht brong ass. Wann Dir mat engem Stäbchen an d’Mëtt vum Kuck pickt, dierf duerno keen Deeg méi um Stäbche pechen.
Loosst de Kuch 10 Minutte laang an der Form ofkillen, éier Dir en aus der Form eraushuelt. Setzt en op eng Hiertchen a loosst e komplett ofkillen.
Mat dem Miel an de Nuddele vu LE MOULIN bréngt Dir e Stéck Lëtzebuerger Terroir an Är Liblingsplaten.