Trüffel-Quichen

Zoubereedung: 45 Min. – Frigo: 2 St. – Uewen: 30 Min.

Fir 6 kleng Quichë vun 12 cm :

Fir den Deeg :

  • 250 g Le Moulin T55 Miel
  • 1 TL Salz
  • 110 g kale Botter
  • 1 Ee
  • 35 ml kaalt Waaser

Fir d’Fëllung:

  • 170 g schwaarz Trüffelpaste
  • 250 g Champignonen
  • 25 g Botter
  • 1 Zéif Knuewelek
  • 2 ZL Crème fraîche // saure Ram

Fir d’Eeërcrème :

  • 2 Eeër
  • 200 ml Ram
  • 20 g Parmesan, gerappt
  • E puer Drëpsen Trüffelueleg / few drops of truffle oil
  • Salz a Peffer

Fir ze zerwéieren:

  • Frësch Trüffen, a rengen Tranchen
  • Champignonen, a rengen Tranchen
  • Mauséiercherszalot

Fir den Deeg, d’Miel an d’Salz an eng Schossel schëdden. De Botter a Wierfel schneiden a bei d’Miel ginn. Dann tëschent den Hänn verreiwen, bis den Deeg grimmeleg ass. Dono d’Ee an d’Waaser dobäiginn an zu engem Deeg verknieden.

Den Deeg zu engem Rondel formen, dono a Frëschhaltefolie awéckelen an 2 Stonnen am Frigo festgi loossen.

Den Uewen op 170°C Umluft virhëtzen.

D’Champignonë ganz reng schneiden. De Botter an enger Pan schmelzen, de Knuwewelek schielen an zerdrécken an eng Minutt laang am Botter ubroden. D’Champignonë mat enger Grëtz Salz dobäiginn a 5 Minutte kache loossen, bis d’Champignonen hiert Waasser ofginn hunn. An eng Schossel schëdden an ofkille loossen. Wann alles ofgekillt ass, d’Crème fraîche ënnerréieren a mat Salz a Peffer ofschmaachen. Op d‘Säit stellen.

Fir d’Eeërcrème, d’Eeër mam Ram, dem Parmesan an dem Trüffelueleg an enger klenger Schossel verréieren a mat Salz a Peffer wierzen.

6 Täerterchersforme vun 12 cm afetten.

Den Deeg aus dem Frigo huelen an op enger bemielter Aarbechtsfläch dënn ausrullen. Den Deeg a 4 Stécker schneiden, ee Stéck an eng Form leeën a liicht undrécken, Stécker, déi iwwerstinn, ofschneiden. Dat Ganzt mat deenen aneren 3 Stécker widderhuelen, dono den Deeg, deen iwwreg war, nach eng Kéier ausrullen an déi zwou lescht Formen domadder akleeden.

Mat enger Forschett e puer Mol an de Fong vun den Tärtercher picken. D’Trüffelpaste um Buedem vun all Quichedeeg verdeelen, dann déi reng geschnidde Champignonen dropginn a fir d’lescht mat enger Couche Eeërcrème bedecken.

D’Quichen am virgehëtzten Uewen 30 Minutte baken.

Virum Zerwéieren, d’Quichë mat réie Champignonsscheiwen, frëschen Trüffescheiwen an e bësse Mauséiercherszalot garnéieren.

Selwer gemaach, mat lokalen Ingredienten

Mat dem Miel an de Nuddele vu LE MOULIN bréngt Dir e Stéck Lëtzebuerger Terroir an Är Liblingsplaten.