Zoubereedung : 20 min
Fir 4 Persounen:
Kacht d’Tagliatelle wärend 8 Minutten an engem groussen Dëppe mat kachendem Salzwaasser. Schëtt d’Waasser of, versuergt awer e bësse vun der Kachflëssegkeet.
Loosst de Botter an enger Pan schmëlzen, gitt e bësse Kachwaasser vun den Nuddelen derbäi fir eng Emulsioun ze kréien. Schëtt déi gekachten Nuddelen an de Parmesan derbäi, wierzt mat Salz a Peffer.
Verdeelt d’Nuddelen op 4 Teller a rappt Trüff iwwer all Portioun. Zerwéiert d’Nuddelen direkt mat Parmesan.
Mat dem Miel an de Nuddele vu LE MOULIN bréngt Dir e Stéck Lëtzebuerger Terroir an Är Liblingsplaten.