Fir 4 Persounen – Zoubereedung: 25 Minutten
360 g Brokkoli
500 g Tagliatelle Nr. 104 vu Le Moulin
200 g geräicherte Speck a Wierfel
8 Zl Olivenueleg
1 Zéif Knuewelek
4 Zl Kaperen
ofgeriwwen Zitrouneschuel
Parmesan
Schneit de Brokkoli a Stécker a kacht e 5 Minutte laang am kachende Waasser mat e bësse Salz. Schëtt en dann of a stellt en op d’Säit.
Kacht d’Tagliatelle 6 Minutte laang am kachende Waasser mat e bësse Salz.
Brot iwwerdeems de Speck am Olivenueleg un. Zerdréckt de Knuewelek a gitt en zesumme mat de Kaperen an dem gekachte Brokkoli bei de Speck.
Just éier Dir d’Nuddelen ofschëtt, gitt 200 ml vum Kachwaasser bei de Brokkoli an d’Pan a loosst dat Ganzt weiderkachen.
Schëtt d’Nuddelen of a gitt se an d’Pan dobäi. Rappt e bëssen Zitrouneschuel iwwer d’Nuddelen a wierzt mat Salz a Peffer. Vermëscht dat Ganzt a loosst et nach e bësse weiderkachen, bis d’Zooss bal verkacht ass.
Verdeelt d’Nuddelen op 4 Telleren, rappt e bësse Parmesan driwwer an zerwéiert de Plat.