Summerlech Nuddele mat Wäinzoossiss-Bulletten vu Anne’s Kitchen

Zoubereedung: 30 Minutten

Fir 4 persounen:

  • 400 g flaach Bounen
  • 300 g geschielte Gaardebounen
  • 6 Wäinzoossissen
  • 600 g de Spaghetti LE MOULIN
  • 2 Zl Sonneblummenueleg
  • 20 g Botter
  • 2 Zl Dijonsmoschter
  • 2 Zl Lëtzebuerger Moschter
  • 2 ZL kärege Moschter
  • 200 ml wäisse Wäin
  • 400 ml flëssege Ram
  • Salz a Peffer

Schneit déi flaach Bounen a Stécker vun 2 cm. Kacht se wärend 6 Minutten a kachendem Waasser mat e bësse Salz a gitt an de leschten 2 Minutten d’Gaardebounen dobäi. Schëtt d’Bounen of a stellt se op d‘Säit.

Schneit d’Zoossissen der Längt no op an huelt d’Haut erof. Formt aus der Fëllung kleng Bulletten, andeems Dir d’Fleesch tëschent Ären Hänn rullt. Leet d’Bulletten op en Teller.

Erhëtzt den Ueleg an de Botter an enger Pan. Brot d’Bullette vun alle Säiten un a stellt se dann op engem Teller op d‘Säit.

Gitt de Moschter an de Wäin an d’Pan mat der reschtlecher Flëssegkeet vun de Bulletten. Loosst dat Ganzt zwou Minutte waarm ginn, iwwerdeems Dir dra réiert, gitt dann de Ram dobäi ,wierzt mat Salz a Peffer a loosst alles 5 Minutte kachen, bis d’Zooss e bësse méi déck gëtt. Leet d’Bulletten an d’Zooss a loosst se nach e bësse matkachen, fir datt d’Fleesch waarm gëtt.

Wärend d’Zooss kacht, kacht och d’Spaghettie wärend 7 bis 9 Minutten.

Schëtt d’Zooss mat de Bulletten, d’Bounen an d’Gaardebounen iwwer déi gekachte Spaghettien. Vermëscht alles, fir d’Nuddele gutt ze bedecken, verdeelt d’Nuddelen op zerwéiert se dann.

Selwer gemaach, mat lokalen Ingredienten

Mat dem Miel an de Nuddele vu LE MOULIN bréngt Dir e Stéck Lëtzebuerger Terroir an Är Liblingsplaten.