Zoubereedung: 15min
Fir 4 Persounen:
Fir d’Zooss:
Wierzt d’Fleesch op béide Säite kräfteg mat Salz a Peffer.
Loosst de Botter an enger grousser Pan schmëlzen a brot d’Steaken op all Säit wärend 2 ½ min un, bedeckt dobäi reegelméisseg d’Fleesch mat Botter.
Huelt d’Fleesch aus der Pan a leet et op en Teller.
Gitt de Cognac an de wäisse Wäin bei de Rescht Botter an der Pan. Loosst alles 2 Minutte kachen, gitt dann de Rëndsbouillon an d’Pefferkären derbäi a loosst dat Ganzt 3 Minutte laang weiderkachen. Schëtt d’Miel an de Ram derbäi a loosst alles opkachen. Kuerz kache loossen, bis d’Zooss méi déck gëtt. Wierzt wann néideg nach mat e bësse Salz a Peffer no.
Leet d’Fleesch zeréck an d’Pan, bedeckt et mat Zooss, verdeelt dann d’Steaken op 4 Telleren.
Zerwéiert d’Fleesch mat der Zooss a mat Bäilage wéi Gromperepüree, Fritten oder Ierbessen.
Mat dem Miel an de Nuddele vu LE MOULIN bréngt Dir e Stéck Lëtzebuerger Terroir an Är Liblingsplaten.