Zoubereedung: 30min
Fir 4 Persounen:
Fir ze zerwéieren:
Loosst de Botter an enger Pan schmëlzen a brot d’Ënnen 10 Minutte mat enger Grimmel Salz op niddreger Temperatur un, bis se mëll sinn.
Kacht d’Spätzle wärend 13 Minutten a kachendem Salzwaasser.
Huelt an der Tëschenzäit d’Schuel vum Racletteskéis erof a schneit de Kéis a kleng Wierfelen. Loosst de Kéis zesumme mam Wäin a mam Ram an enger Kasseroll zergoen. Wann en zergaangen ass, gitt d’Miel derbäi a réiert, bis alles méi déck gëtt. Wierzt mat Salz a Peffer.
Gitt déi gekachte Spätzle an d’Ënnen an d’Kasseroll bei d’Kéiszooss a verréiert alles gutt.
Verdeelt d’Spätzle op 4 Telleren, street déi krupseg Ënnen an d’Bratzelen driwwer.
Mat dem Miel an de Nuddele vu LE MOULIN bréngt Dir e Stéck Lëtzebuerger Terroir an Är Liblingsplaten.