Zoubereedung: 20 Min. + 1 Stonn Aweechen
Fir 4 Persounen :
Wäscht d’Palourdë ënner dem kale Waasser, schruppt se wann néideg of, leet se dann an eng grouss Schossel a bedeckt se mat kalem Waasser. Gitt räichlech Salz dobäi a loosst se dann eng Stonn bei Raumtemperatur stoen. Dono ofschëdden a gutt mat Waasser reschtlech Sandkären oder Salz ofspullen.
Schielt de Knuewelek an zerdréckt en. Schneit d’Chili op, huelt d’Kären eraus a schneit se dono ganz reng. Schneit och de Péiterséileg ganz reng.
Kacht d’Spaghetti wärend 6 Minutten am kachende Waasser mat e bësse Salz, bis se bal fäerdeg sinn.
Gitt an der Tëschenzäit den Olivenueleg an eng grouss Pan a brot doranner de Knuewelek an den Chili bei mëttlerer Hëtzt 2 Minutte laang un.
Gitt d’Palourden dobäi a setzt d’Hëtzt erop. Schëtt de Wäin dobäi, loosst dat Ganzt kache bis déi meeschte Palourden opgaange sinn. Huelt all Palourden eraus, déi nach ëmmer zou sinn.
Schëtt d’Spaghettien of, versuergt e bësse Kachwaasser, a gitt d’Spaghettien da mam Botter a mat e bësse Kachwaasser an d’Pan. Vermëscht alles gutt a loosst et eng Minutt weiderkachen, réiert dann de gehackte Péiterséileg an d’Schuel vun der Zitroun ënner, a wierzt mat Salz a Peffer.
Verdeelt alles op véier Telleren an zerwéiert de Plat direkt.
Mat dem Miel an de Nuddele vu LE MOULIN bréngt Dir e Stéck Lëtzebuerger Terroir an Är Liblingsplaten.