Séis Bretzle

 Prep. : 45 Min. – Rouzäit: 1 H + 2H fir ‘Dréchene vun der Couverture

Fir 4 Bretzele:

Fir den Deeg:

  • 25 g frësch Hief
  • 250ml Vollfett-Mëllech, woodleg
  • 500g LE MOULIN T55 Miel
  • 40g Zocker
  • ¾ Téiläffel Salz
  • 80g Botter, geschmolt
  • 1 Ee

Fir d’Fëllung:

  • 250g séis Mandelbotter oder Schokola-Hieselnoss-Crème
  • ½ Téiläffel Kanéil

Fir d’Couverture:

  • E bëssi Quiddegebeess
  • 70g Pudderzocker
  • 1 Zoppeläffel Vollfett-Mëllech
  • 20g Mandelflocken, geröst

Bröselt d’Hief an d’Mellëch a réiert bis se sech opléist.Mixt d’Miel, den Zocker an d’Salz an enger grousser Schossel.

Gidd déi geschmolte Botter, d’Mëllech mat der Hief dobäi an d’Ee bei a kniet den Deeg 5 Minutte laang mat engem fräistoende Mixer oder 10 Minutte mat den Hänn.
Deckt d’Schossel mat engem Kichen duch zou an loosst den Deeg fir 30 Minutte roue.

Iwwerdeems preparéiert dir d’Fëllung: mixt d’Mandelbotter oder d’Schokola-Hieselnoss-Crème mat der Kanéil.

Leet den Deeg op eng gemielte Surface a rullt den Deeg zu engem Véiereck vun ongeféier 60 x 40 cm. Schneit de Véiereck an 8 Sträifen. Verdeelt d’Fëllung iwwer 4 Sträifen an déckt dës jeeweils mat enger réier Sträif of.

Dréint déi eenzel Sträifen virsiichteg zu enger Spiral an dann flecht se an d’Form vun enger Bretzel. Leet d’Bretzele op en mat Bakpabéier bedeckte Bakblech a lost se nach emol fir 30 Minutte roue.

Heizt den Uewen op 180 °C fir.

Sträicht e bëssi Mëllech op d’Bretzele ier dir se an den Uewen dréckt.

Bakt d’Bretzele fir 25 Minutte am virgeheizten Uewen. Esou bal d’Bretzele aus dem uewen kommen, sträicht d’Quiddegebeess op déi waarm Bretzele an leet se op e Gitter fir ofzekillen.

Wann d’Bretzele kal si, preparéiert d’Couverture : mixt den Pudderzocker mat der Mëllech esou dat eng zéiflësseg Couverture entsteet.

Drëpst d’Couverture iwwert d’Bretzele a street d’Mandelflocken driwwer.

Loosst d’Couverture fir 2 Stonne dréchene bis dat se haart gëtt.

Selwer gemaach, mat lokalen Ingredienten

Mat dem Miel an de Nuddele vu LE MOULIN bréngt Dir e Stéck Lëtzebuerger Terroir an Är Liblingsplaten.