Zoubereedung: 1 Stonn
Fir 4 Persounen :
Fir d’Portos-Zooss:
Fir d’Fleesch:
Fir d’Nuddelen:
Fir ze zerwéieren:
Fänkt mat der Zooss un: Schielt d’Schallotten a schneit se a kleng Stécker. Loosst de Botter an enger grousser Pan mat Deckel zergoen a brot doranner d’Schallotte mat enger Grimmel Salz wärend 5 Minutten un. Gitt dann 150 ml Porto, de roude Wäin, de Rëndsfong, de Stärenanäis an de Rosmarin derbäi. Loosst dat Ganzt opkachen an dann 20 Minutte laang akachen, bis ongeféier 18 ml Zooss iwwreg bleiwen.
Passéiert d’Zooss duerch e Sift a geheit déi fest Bestanddeeler ewech. Schëtt d’Zooss an d’Pan zeréck, gitt de Kréischelsjelli derbäi a loosst dat Ganzt opkachen. Verréiert de Maizena mat de reschtleche 50 ml Porto a gitt en an d’Zooss derbäi. Loosst d’Zooss nach eng Minutt weiderkachen, bis se méi déck gëtt. Wierzt mat Salz a Peffer. Stellt dat Ganzt op d’Säit.
Kacht d’Spätzle 11 Minutte laang a a gesalztem Waasser.
Salzt a peffert iwwerdeems d’Réimedaillonen. Loosst 50 g Botter an der Pan zergoen. Brot d’Medaillone 4 Minutten op all Säit un, an iwwerschëtt se vun Zäit zu Zäit mat Botter.
Wann d’Medaillone gebrode sinn, da loosst se nach 5 Minutten op engem Schneitbriet rouen. Deglacéiert d’Pan mat e bëssen Zooss, a schëtt dann alles nees zeréck an de Rescht vun der Zooss. Wiermt d’Zooss nach eng Kéier op, wann néideg.
Schëtt d’Spätzle of a vermëscht se mat 60 g Botter an engem Kaffisläffel Trüffenueleg.
Schneit d’Medaillonen an Tranchen. Verdeelt se op 4 Teller a gitt e bëssen Zooss driwwer. Leet d’Spätzle derbäi an zerwéiert dat Ganzt mat geschmoortem Kabes an Airellen.
Mat dem Miel an de Nuddele vu LE MOULIN bréngt Dir e Stéck Lëtzebuerger Terroir an Är Liblingsplaten.