Fir 1 Pizza fir 2 Persounen
Fir d’Pizza:
Fir de Belag:
Vermëscht d’Miel an d’Salz an enger Schossel. Léist d’Hief am Waasser op a schëtt d’Flëssegkeet mam Olivenueleg bei d’Miel. Vermëscht dat Ganzt mat der Hand wärend 10 Minutte bis den Deeg schéi glat ass.
Formt den Deeg zu enger Bull. Fett eng grouss Schossel mat Olivenueleg an, leet den Deeg an d’Schossel an deckt se mat Frischhaltefolie of.
Loosst den Deeg 2 bis 3 Stonne bei Zëmmertemperatur rouen, wann en deeselwechten Dag nach benotzt gëtt. Wann Dir d’Pizza eréischt deen Dag duerno maache wëllt, da loosst den Deeg am Frigo rouen.
Hëtzt de Schäffchen op 230 °C vir a stellt e Bakblech dran, fir dëse gutt opzewiermen.
Rullt den Deeg op Bakpabeier aus bis en en Duerchmiesser vun ongeféier 20-35 cm huet.
Versträicht de Moschter um Deeg. Schneit de Mozzarella an Tranchen a verdeelt déi um Moschter. Wierzt dat Ganzt mat Peffer aus der Millen a mat e bëssen Thym.
Huelt dee waarme Bakblech aus dem Schäffchen a leet d’Pizza mam Bakpabeier op de Bakblech. Loosst d’Pizza 15-20 Minutten bei 230°C baken, bis se liicht brong ass.
Verdeelt d’Ham op der Pizza, leet d’Kornischongen drop an zerwéiert se dann.
Mat dem Miel an de Nuddele vu LE MOULIN bréngt Dir e Stéck Lëtzebuerger Terroir an Är Liblingsplaten.