Pipe Rigate mat gebakenem Butternut a gréngem Pesto

Zoubereedung: 45 Min.

Fir 4 Persounen :

  • 800 g Butternut-Kürbis
  • 500 g Le Moulin Pipe Rigate

Fir de Pesto:

  • 80 g Piniekären
  • 40 g Rucola
  • 40 g Basilikum
  • 60 g Parmesan, geriwwen
  • 2 kleng Zéiwe Knuewelek, geschielt an zerdréckt
  • 180 ml Olivenueleg
  • Salz a Peffer

Fir ze zerwéieren:

  • Nach e puer Piniekären, geréischtert
  • gehuwwelte Parmesan

Hëtzt den Uewen op 200°C Umluft vir.

Schielt de Butternut-Kürbis a schneit en a Wierfel vun 1 cm. Verdeelt de Kürbis op engem Bakblech, gitt e bëssen Olivenueleg driwwer, wierzt e mat Salz a Peffer. Loosst en da fir 30 Minutten oder bis e mëll ass baken.

Preparéiert an der Tëschenzäit de Pesto: Gitt all d’Ingredienten an e klenge Mixer a püréiert se. Da mat Salz a Peffer ofschmaachen.

Kacht d’Pipe rigate 8 Minutte laang am kachende Waasser mat e bësse Salz.

Schëtt d’Nuddelen of a gitt se da bei de Pesto an de Kürbis. Verdeelt alles op 4 Telleren, gitt e puer geréischtert Piniekären a gehuwwelte Parmesan driwwer an zerwéiert dat Ganzt.

Selwer gemaach, mat lokalen Ingredienten

Mat dem Miel an de Nuddele vu LE MOULIN bréngt Dir e Stéck Lëtzebuerger Terroir an Är Liblingsplaten.