Zoubereedung: 30min
Fir 4 Persounen:
Brot d’Piniekären an enger Pan e bësselchen un, stellt se dann op d’Säit.
Kacht de Spinat a kachendem Salzwaasser bis e ganz entdeet ass. Schëtt en of a stellt en dann op d’Säit.
Schielt iwwerdeems d’Ënn a schneit se ganz reng. Schielt d’Knuewelekszéiwen an zerdréckt se.
Loosst de Botter an der Pan schmëlzen a brot d’Ënne 5 Minutte mat enger Grimmel Salz un, bis se mëll sinn. Gitt de Knuewelek derbäi a loosst dat Ganzt nach eng Minutt weiderbroden.
Gitt dann de Wäin an de Spinat derbäi a loosst dat Ganzt 2 Minutte kachen, schëtt duerno de Ram derbäi, gitt eng Grimmel Muskot an e bëssen Zitrouneschuel derbäi a wierzt mat Salz a Peffer. Loosst d’Zooss ongeféier 5 Minutte liicht akachen.
Kacht an der Tëschenzäit d’Penne wärend 11 Minutten an engem groussen Dëppe mat kachendem Salzwaasser.
Schneit de Kéis a kleng Wierfelen.
Schëtt d’Penne of a gitt se dann zesumme mat 2/3 vun de Kéiswierfel an d’Pan bei d’Zooss, verréiert dat Ganzt bis alles sech gutt verbënnt.
Verdeelt d’Nuddelen op 4 Telleren, street dann d’Piniekären an de Rescht vum Kéis driwwer.
Mat dem Miel an de Nuddele vu LE MOULIN bréngt Dir e Stéck Lëtzebuerger Terroir an Är Liblingsplaten.