Fir 4 Paangecher – Zoubereedung: 30 min
Fir d’Paangecher:
Fir d’Quetschen:
Hëtzt de Schäffchen op 180 °C Umluft vir.
Huelt de Kär aus de Quetschen a schneit se a Véierel. Vermëscht se mam Zocker a mam Kanéil a leet se dann an eng Form, déi Dir an de Schäffche setze kënnt. Loosst d’Quetsche 15-20 Minutten am Schäffche kachen, bis se mëll sinn.
Iwwerdeems kënnt Dir d’Paangecher preparéieren. Schëtt den Zocker an d’Salz an eng grouss Schossel. Gitt d’Eeër derbäi a schlot se op, bis se schaumeg sinn, gitt dono d’Miel derbäi.
Gitt no an no d’Mëllech derbäi a vermëscht alles zu engem glaten Deeg. Gitt um Schluss de geschmoltene Botter derbäi.
Erhëtzt e bësse Botter an enger Pan a gitt eng Louche Deeg derbäi, fir de Buedem neelech ze bedecken.
Loosst de Paangech ongeféier 2 Minutte laang baken, bis de Bord ufänkt, brong ze ginn. Dréint de Paangech ëm a baakt en och 1 Minutt op där anerer Säit.
Zerwéiert d’Paangecher mat de gebrodene Quetschen a mat Schlagsan.
Mat dem Miel an de Nuddele vu LE MOULIN bréngt Dir e Stéck Lëtzebuerger Terroir an Är Liblingsplaten.