Preparatioun: 30 Minutten
Fir 2 Persounen
D’Enn schielen a reng hacken.
D’Boune feeën an a mondgerecht Stecker schneiden.
D’Mettwurscht a kleng Küben schneiden.
D’Enn mat der Mettwurscht am Botter 5 Minutte laang ubroden.
D’Boune mam Bounekräitchen an dem Bouillon dobäiginn an opkachen.
Dann 5 Minutte laang kachen, an dann d’Farfalle mat 220ml grad gekachtem Waasser dobäiginn, sou dass d’Nuddele just bedeckt sinn.
Eng 8 Minutte laang kache bis d’Flëssegkeet bal ganz opgesaugt ass.
D’Ram dobäischedden a mat Salz a Peffer ofschmaachen a vun der Kachplack huelen.
D’Mozzarella Boulen ennerhiewen an all Portioun mat e bëssi Parmesan bestreeë.
Mat dem Miel an de Nuddele vu LE MOULIN bréngt Dir e Stéck Lëtzebuerger Terroir an Är Liblingsplaten.