Fir 4 Persounen:
Fir d’Vinaigrette:
Kacht d’Farfalle wärend 2 Minutten a kachendem Waasser mat e bësse Salz, gitt dann d’Ierbessen an d’Pois mange-touten dobäi a loosst dat Ganzt 5 Minutte laang weider kachen. Schëtt d’Waasser of, killt alles mat kalem Waasser a gitt dann alles zesummen an eng Zaloteschossel.
Huelt d’Haut vum Poulet erof a schneit se a kleng Stécker. Schneit d’Sucrinen a Véierel. Hackt d’Kapere kleng.
Vermëscht all d’Ingrediente fir d’Vinaigrette a gitt se zesumme mam Poulet an de Kapere bei d’Nuddelen. Vermëscht alles gutt an zervéiert all Portioun Nuddele mat zwee Véierel Sucrine.