Fir 6 Leit als Haaptplat
Preparatioun: 40 Min.
350g Le Moulin Pipe Rigate Nuddelen
600g Courgetten
2 Iessläffel Olivenueleg
150g am Ueleg ageluechten hallef-gedréchent Tomaten
30g Kaperen
150g Mini Mozzarella Boulen
Gudden Balsamico Esseg, fir ze zerwéieren
Fir de Pesto:
40g Mandelen
40g Basilic
30g Parmesan, gerappt
1 kleng Knuewelekszéif, zerdréckt
100ml Olivenueleg
Salz a Peffer
D’Nuddelen an engem Deppen mat Salzwaasser fir 8 Minutten kachen, ofschëdden an ënnert kalem Waasser ofkillen. Dann an eng grouss Schossel ginn.
D’Courgetten an ½ cm deck Scheiwen schneiden. An eng Schossel mat 2 Iessläffel Olivenueleg ginn an mat enger gudder Pouz Salz wierzen. Mat den Hänn vermëschen. Eng Grillpan erhëtzen an d’Courgetten no an no op béiden Säiten ubroden bis se gegrillt sinn. Op d’Säit stellen.
De Pesto maachen andeems een all d’Ingredienten an engem Mixer mëscht. Bei d’Nuddelen ginn an gutt vermëschen.
D’Courgettenscheiwen an der Mëtt duerchschneiden, fir dass seen mondgerecht Stecker kritt. Bei d’Nuddelen ginn an mat den Tomaten (an hirem Ueleg) an de Kaperen vermëschen. D’Mozzarellaboulen an zwee schneiden an ënnert d’Zalot hiewen, mat Salz a Peffer ofschmaachen an virum zerwéieren nach e Schotz Balsamico Esseg derbäiginn.
Bei Zëmmertemperatur zerwéieren.
Mat dem Miel an de Nuddele vu LE MOULIN bréngt Dir e Stéck Lëtzebuerger Terroir an Är Liblingsplaten.