Zoubereedung: 1 Stonn
Fir 2 Persounen :
Fir de Knueweleksbotter:
Fir d’Zooss:
Schneit d’Pincë vun de Langustinnen erof an zerdréckt se an engem Mörser. Gitt se an eng Schossel a stellt se op d’Säit.
Schneit 3 Langustinnen der Längt no duerch an huelt den Daarm eraus. Leet se op e Bakblech a versuergt se am Frigo bis se méi spéit am Uewe gebak ginn.
Dréint d’Käpp vun de reschtlesche Langustinnen erof a leet se a d’Schossel mat de Pincen. Huelt d’Fleesch aus de Schwänz, huelt den Daarm eraus a stellt alles op d’Säit. Leet d’Schuelen bei d’Pincen an d’Schossel.
Schmëlzt 20 g Botter an enger grousser Pan, gitt d’Schuelen, d’Käpp an d’Pincen dobäi brot alles 2 Minutte laang, bis en delikaten Doft entsteet. Zerdréckt dobäi d’Schulen esou gutt wéi méiglech.
Gitt déi gehackte Schalotten a Knuewelekszéiwen dobäi a brot se 3 Minutte mat.
Gitt den Tomatepüree, de Fenchelsom, déi schwaarz Päfferkären, den Estragon an d’Zitrouneschuel dobäi a loosst alles eng Minutt matbroden, schëtt dono de wäisse Wäin dobäi a kacht alles ronn 3 Minutten an.
Schëtt dat waarmt Waasser dobäi, setzt den Deckel op d’Pan a loosst alles op niddreger Temperatur 5 Minutte kachen. Huelt den Deckel erof a loosst alles nach eng Kéier 3 Minutte kachen.
Schëtt d’Flëssegkeet duerch eng Passett an dréckt esou vill Flëssegkeet wéi méiglech eraus. Schëtt dono d’Flëssegkeet an eng Pan. Loosst alles nach eng Kéier opkachen an dono 5 Minutte weiderkachen. Gitt dann d’Fleesch vun de Langustinnen dobäi a loosst alles 2 Minutte kachen.
Vermëscht de Ram mat 1 Téiläffel Maisstäerkt a réiert en an d’Zooss. Loosst en opkachen, fir datt d’Zooss déckst. Schmaacht d’Zooss mat Salz a Peffer of. Stellt alles op d’Säit an haalt et waarm.
Kacht d’Tagliatelle 5 Minutten am kachende Waasser.
Stellt an der Tëschenzäit de Grill vum Uewen op héich Temperatur. Bereet de Knueweleksbotter zou, andeems Dir de Botter mam Knuewelek a mam Estragon verréiert. Wierzt mat Salz a Peffer. Verreift de Botter iwwer déi 6 Langustinnhallschenten a setzt se fir 5 Minutten ënnert de Grill vum Uewen, bis se liicht brong an duerch sinn.
Schëtt d’Tagliatelle of a vermëscht se mat der Zooss an der Pan. Verdeelt d’Nuddelen op 2 Teller, gitt jeeweils 3 gegrillte Langustinnhallschenten dobäi an zerwéiert direkt.
Mat dem Miel an de Nuddele vu LE MOULIN bréngt Dir e Stéck Lëtzebuerger Terroir an Är Liblingsplaten.