Luxembourgish Spaghetti Carbonara

Prep. : 15 Minutten

Fir 2 Persoune : 

  • 50g haarde lëtzebuergesche Geessekéis*
  • 2 Eeër
  • Schwaarze Peffer
  • 100g lëtzebuergesche Speck
  • 175g Le Moulin Spaghetti N.5

*Mir benotzen Berdorfer haarde Geessekéis. Wann dir dëse Kéis net fannt, dann huelt e klassesche Pecorino.

Reift de Geessekéis ganz réng a gitt en zesumme mat den Eeër an e bëssi Peffer an eng Schossel. Mixt alles duerch bis dat et cremeg ass a stellt d’Schossel op d’Säit.

Schneit de Speck a Cube vun ongeféier engem ½ cm a brod en an enger grousser dréchener Pan bis dat en knuspreg ass a stellt en dann op d’Säit.

Kacht d’Spaghetti fir ongeféier 7 Minutten a kachende Waasser bis se al dente si. Just ier d’Spaghetti prett si, stellt d’Pan mam Speck zréck op d’Feier. Kippt d’Spaghetti of an haalt eng grouss Taass Kachwaasser.

Esou bal de Speck waarm ass, gitt d’Spaghetti dobäi a loosst se kuerz brutzelen. Huelt d’Pan vum Feier a mixt schnell d’Eeëer dobäi. Gitt 4 Zoppeläffel vum Kachwaasser dobäi, esou dat all d’Spaghetti mat Ee gedéckt sin mee d’Ee awer net zesummeléft. Kuckt fir eng cremeg Textur ze erzielen : wann äer Spaghetti Carbonara ze leefeg ass, da gitt méi Kéis bei, wann se ze drechen ass, da gitt mei vum Kachwaasser bei.

Reift nach méi Kéis iwwert d’Nuddelen a servéiert se direkt.

 

Tip : Wann dir méi Portioune wëllt maachen, da maacht awer just 2 Portiounen op e Mol an der Pan fir dat dir d’Platz hutt fir d’Spaghetti an der Pan ze dréinen.

Selwer gemaach, mat lokalen Ingredienten

Mat dem Miel an de Nuddele vu LE MOULIN bréngt Dir e Stéck Lëtzebuerger Terroir an Är Liblingsplaten.