Linguine mat Butternusskürbiss, Bacon a Salbei

Zoubereedung: 1St.

Fir 4 Persounen:

  • 500 g Linguine LE MOULIN
  • 600 g Butternusskürbis
  • 1 Ënn
  • 1 Zéif Knuewelek
  • 50 g Botter
  • 50 ml wäisse Lëtzebuerger Wäin
  • 100 ml Ram
  • 200 g Gréiwen
  • 10 g Salbeiblieder
  • Salz a Peffer
  • Parmesan

Schielt de Butternusskürbis, huelt d’Kären eraus, schneit en a Wierfele fir ongeféier 500 g Wierfele Butternusskürbis ze kréien.

Dëmpt d’Kürbiswierfel wärend 20 Minutte bis se gutt mëll sinn.

Schielt iwwerdeems d’Ënn an hackt se ganz reng. Schielt de Knuewelek an zerdréckt en. Loosst 15 g Botter an der Pan schmëlzen a brot d’Ënn 5 Minutte mat enger Grimmel Salz un, bis se mëll ass. Gitt de Knuewelek derbäi a loosst alles nach eng Minutt weiderbroden, schëtt dann de Wäin derbäi a loosst dat Ganzt weiderkachen, bis de Wäin absorbéiert ass. Stellt alles op d’Säit.

Gitt de Kürbis an de Mixer, zesumme mat den Ënnen a mam Ram a wierzt kräfteg mat Salz a Peffer. Mixt alles zu engem seemege Püree.

Kacht d’Nuddelen a kachendem Salzwaasser wärend 10 Minutten.

Brot an der Tëschenzäit d’Gréiwen un, bis se schéi brongelzeg sinn. Loosst se op Kichepabeier ofdrëpsen.

Loosst déi verbleiwend 35 g Botter schmëlzen a brot de Salbei kuerz un, bis e krupseg ass.

Schëtt d’Nuddelen of, versuergt awer e bësse Kachwaasser. Schëtt d’Nuddelen zeréck an d’Kasseroll, gitt de Kürbispüree an e bësse vum Kachwaasser dobäi, fir datt eng déck Zooss entsteet. Vermëscht dat Ganzt mat de Gréiwen a mam Salbei.

Verdeelt d’Nuddelen op 4 Telleren an zerwéiert dat Ganzt mat Parmesan.

Selwer gemaach, mat lokalen Ingredienten

Mat dem Miel an de Nuddele vu LE MOULIN bréngt Dir e Stéck Lëtzebuerger Terroir an Är Liblingsplaten.