Lëtzebuerg Kichelcher

Preparatioun: 1 Stonn 15 Minutten

Ofkillen: 30 Minutten

Schäffchen: 10 Minutten pro Blech

Mécht 85 Kichelcher : 

250g Botter, Zëmmertemperatur
140g Pudderzocker
1 Iessläffel Vanillszocker
1 Vanillsstaang
1 Ee
375g Le Moulin Gastronomescht Miel T45
eng Pouz Salz

 

Fir d’Glasur:

120g Pudderzocker
4 ½ Téiläffel Hunnegdrëpp
rout + blo Liewensmëttelfaarf

De Botter a kleng Stecker schneiden an mat dem Pudderzocker an Vanillszocker an eng grouss Schossel ginn. Vermëschen.

D’Vanillsstaang länglech opschneiden, d’Kären rauskrazen an an d’Schossel bei de Botter ginn a gutt vermëschen.

D’Ee derbäiginn an nach eng Kéier mixen, dann d’Miel an d’Salz derbäiginn an dat Ganzt zu engem Deeg vermëschen-

Den Deeg an zwou Scheiwen formen an mat Freschhaltefolie awéckelen. Eng hallef Stonn an de Frigo stellen.

No 30 Minutten de Schäffchen op 170°C Umluft virhëtzen.

Den Deeg op enger bemielter Surface ausrullen. Kichelcher mat engem Lëtzebuerg Kichelchersausstiecher ausstiechen an op e Bakblech mat Bakpabeier ginn.

D’Kichelcher 10 Minutten am Schäffchen baken bis se ufänken brong ze ginn.

Op e Kuchengitter ginn an d’Kichelcher komplett ofkillen loossen.

Wann d’Kichelcher bis ofgekillt sinn, d’Glasur maachen. 40g Pudderzocker an eng kleng Schossel ginn, 1 ½ Téiläffel Hunnegdrëpp an e puer Drëpsen rout Liewensmëttelfaarf derbäiginn a gutt vermëschen. En Drëttel vun de Kichelcher mat der rouder Glasur besträichen.

Dat Selwecht mat der bloer Liewensmëttelfaarf widderhuelen. Zum Schluss den reschtlechen Pudderzocker mat der reschtlecher Hunnegdrëpp vermëschen fir di wäiss Glasur ze maachen, an d’Kichelcher domat besträichen.

Di glaséiert Kichelcher mindestens 1 Stonn dréchnen loossen.

D’Kichelcher halen sech an enger Këscht fir mindestens 1 Woch.

 

TIP: Dir kennt d’Hunnegdrëpp mat Zitrounejus oder Mëllech ersetzen wann dir d’Kichelcher léiwer ouni Alkohol maacht.

Selwer gemaach, mat lokalen Ingredienten

Mat dem Miel an de Nuddele vu LE MOULIN bréngt Dir e Stéck Lëtzebuerger Terroir an Är Liblingsplaten.