Pizzadeeg :
Fir de Belag :
Gidd e bëssi Waasser bei d’Hief a réiert, fir d’Hief z’aktivéieren.
Mëscht d’Miel mam Waasser an enger grousser Stoolschossel a gidd d’Hief bei. Réiert zum Schluss d’Salz an den Olivenueleg ënner.
Kniet den Deeg fir ob mannst 10 Minutte bis dass en glat an eenheetlech ass.
Schëtt e bëssi Olivenueleg an eng Inoxschossel a leet den Deeg dran. Deckt d’Schossel mat Plastikfolie of.
Loosst den Deeg 3 bis 6 Stonne bei Zëmmertemperatur roue bis dat en säi Volume verduebelt huet.
Wiermt den Uewen bei 240 Grad an Umluft fir.
Verdeelt Miel op Ärer Aarbechtsfläch a rullt den Deeg aus. Den But ass et fir eng Häerzform ze kreéiere, entweder mat der Hand oder enger Form. Leet den Deeg op en Bakblech.
Verdeelt d’Tomatenzooss um Deeg an baakt en fir 8 bis 9 Minutte.
Preparéiert a schneit déi aner Zutaten an dekoréiert är Pizza. Gidd d’Pizza nach emol fir 5 bis 6 Minutte an den Uewen bis dat se perfekt gebak ass.
Leet e puer Blieder Péiterséileg drop, schneit a genéisst se !
Mat dem Miel an de Nuddele vu LE MOULIN bréngt Dir e Stéck Lëtzebuerger Terroir an Är Liblingsplaten.