Fir e Cake vun 10 x 20 cm:
Fir de Belag:
Hëtzt de Schäffchen op 180 °C Umluft vir.
Loosst de Spinat an der Mikrowell entdeeën an dréckt d’Flëssegkeet gutt aus. Hackt de Spinat graff a stellt en op d’Säit.
Klappt an enger grousser Schossel de saure Ram mat engem vun den Eeër op, bis eng glat Mass entsteet. Gitt déi zwee aner Eeër derbäi a verréiert se gutt.
Gitt d’Mëllech, den Olivenueleg an d’Zitrouneschuel derbäi a mixt dat Ganzt.
Vermëscht an enger anerer Schossel d’Miel mam Backpulver, dem Salz, dem Muskot, dem Knueweleksgranulat an dem Peffer. Schëtt dës Mëschung bei déi flësseg Mass a verréiert alles gutt. Gitt de Schwäizer Kéis, d’Kürbiskären, de Leinsamen, de Mohn, de schwaarze Sesam an de gehackte Spinat derbäi, a vermëscht alles gutt.
Schneit de Feta a Wierfel a gitt e virsichteg bei den Deeg derbäi.
Fett eng Bakform vu 10 x 20 cm an a schëtt den Deeg dran. Street d’Käre fir de Belag driwwer a setzt de Cake fir eng Stonn an de Schäffchen.
Loosst en duerno op enger Hiertchen ofkillen, éier Dir en aus der Form huelt.
De Cake hält sech 4 Deeg laang am Frigo.
Mat dem Miel an de Nuddele vu LE MOULIN bréngt Dir e Stéck Lëtzebuerger Terroir an Är Liblingsplaten.