Fusillisgratin mat Mettwurscht

Zoubereedung: 45 min 

400 g Fusilli-Nuddelen LE MOULIN

Fir d’Zooss:

– 1 Ënn

– 2 Zl Olivenueleg

– 2 Mettwurschten

– 2 Zéiwe Knuewelek

– 400 g Schwéngs- a Rëndsgehacktes

– 800 g Tomaten a Stécker aus der Béchs

– 1 Zl Tomatekonzentrat

– 150 ml roude Wäin

– 1 Kl Zocker

– 1 Kl Salz

– Peffer

 

– 100g gerappte Mozzarella

– 100 g gerappten Emmenthal

– Basilikum

Hëtzt de Schäffchen op 180 °C Umluft vir.

Schielt d’Ënn an schneit se ganz reng. Schneit d’Mettwurscht der Längt no duerch, an dann nach eng Kéier der Längt no an 2, fir 4 laang Sträifen ze kréien. Schneit dës a kleng Wierfelen. Schielt de Knuewelek an zerdréckt en.

Erhëtzt 2 Zoppeläffel Olivenueleg an enger Kasseroll a brot d’Ënn zesumme mat e bësse Salz wärend 5 Minutten un, bis se mëll ass. Gitt de Knuewelek an d’Mettwurscht-Wierfelen derbäi a loosst dat Ganzt nach 5 Minutte weiderbroden.

Gitt d’Gehacktes derbäi, loosst alles 5 Minutte weiderbroden an zerdeelt iwwerdeems déi grouss Fleeschstécker mat engem Läffel.

Gitt déi gehackten Tomaten, den Tomatekonzentrat, de roude Wäin, den Zocker, d’Salz an de Peffer derbäi a loosst dat Ganzt opkachen. Schëtt 150 ml Waasser a jiddwer Béchs Tomaten a gitt dat Ganzt an d’Zooss. Loosst d’Zooss 15 Minutte kachen. Huelt se da vum Feier a gitt e puer gehackte Blieder Basilikum derbäi.

Wärend d’Zooss kacht, schëtt d’Nuddelen an d’kachend Salzwaasser. Soubal d’Nuddelen nees opkachen, loosst se 4 Minutte weiderkachen, bis se net grad al dente sinn. Schëtt se of a schwenkt se mat kalem Waasser, stellt se dann op d’Säit.

Gitt d’Nuddelen an déi waarm Zooss derbäi, vermëscht alles gutt a schëtt dat Ganzt dann an eng Gratinsform. Street de Mozzarella an den Emmenthal iwwer d’Nuddelen a setzt dat Ganzt 20 Minutten an de Schäffchen, bis de Kéis ufänkt, Faarf unzehuelen.

 

TIPP: Wann Dir de Gratin am Viraus virbereede wëllt, da versuergt d’Zooss an der Kasseroll an haalt d’Nuddelen op der Säit. Wiermt d’Zooss op éier Dir d’Nuddelen derbäigitt a fuert da mam Rezept weider. Dëst verhënnert, datt de Gratin ausdréchent.

Selwer gemaach, mat lokalen Ingredienten

Mat dem Miel an de Nuddele vu LE MOULIN bréngt Dir e Stéck Lëtzebuerger Terroir an Är Liblingsplaten.