Fusilli mat Poulet a Champignonen

Zoubereedung: 50min

Fir 4 Persounen:

  • 500 g Fusilli LE MOULIN
  • 500 g Champignonen
  • 500 g Blancs de poulet
  • 1 Ënn
  • 2 Zéiwe Knuewelek
  • 90 g Botter
  • 250 ml wäisse Wäin
  • 500 ml Ram
  • 2 Zl Estragon, reng geschnidden
  • 2 Kl Miel LE MOULIN fir d’Zooss
  • geriwwe Schuel vun ½ Zitroun
  • Parmesan
  • Salz a Peffer

Botzt d’Champignonen a schneit se a Véierel Schneit de Poulet a kleng Stécker, leet dës an eng Schossel a wierzt se kräfteg mat Salz a Peffer.

Schielt d’Ënn an schneit se ganz reng. Schielt de Knuewelek an zerdréckt en.

Loosst 30 g Botter an enger grousser Kasseroll schmëlzen a brot d’Ënn mat enger Grimmel Salz wärend 5 Minutten un, bis se mëll ass. Gitt de Knuewelek derbäi a loosst dat Ganzt nach eng Minutt weiderbroden. Huelt se aus der Kasseroll a stellt se op d’Säit.

Loosst nach eng Kéier 30 g Botter schmëlzen a brot d’Champignone mat enger Grimmel Salz un, bis se all hire Jus ofginn. Loosst se weiderbroden, bis d’Flëssegkeet verkacht ass an d’Champignone schéin ugebrode sinn. Huelt se aus der Pan a stellt se op d’Säit.

Loosst déi reschtlech 30 g Botter schmëlzen a brot de Poulet e puer Minutte laang un, bis en ufänkt liicht brong ze ginn. Leet d’Champignonen an d’Ënnen zeréck an d’Pan, schëtt de wäisse Wäin derbäi a loosst dat Ganzt 4 Minutte kachen.

Gitt de Ram derbäi a loosst alles opkachen. Vermëscht an enger klenger Schossel d’Miel mat 4 Zoppeläffel Waasser a schëtt dat Ganzt an d’Kasseroll. Wierzt d’Zooss mat der Zitrouneschuel an, wann néideg, e bësse méi Salz a Peffer, a loosst dat Ganzt mijotéieren, bis d’Zooss méi déck gëtt.

Kacht an der Tëschenzäit d’Fusilli al bronzo a kachendem Waasser mat e bësse Salz wärend 12 Minutten. Schëtt d’Waasser of a gitt d’Zooss bei de Poulet an d’Champignonen.

Verdeelt d’Nuddelen op 4 Telleren an zerwéiert dat Ganzt mat gerapptem Parmesan.

Selwer gemaach, mat lokalen Ingredienten

Mat dem Miel an de Nuddele vu LE MOULIN bréngt Dir e Stéck Lëtzebuerger Terroir an Är Liblingsplaten.