Boxemännercher mat Mandelen a Kanéil

Zoubereedung: 1,5 Stonn

Fir 8 Boxemännercher :

  • 620 g Gastronomique-Miel vu LE MOULIN
  • 100 g Zocker
  • 250 ml wotlech Mëllech
  • 1 Wierfel frësch Hief (42 g)
  • 100 g geschmolte Botter
  • 2 Eeër
  • eng Fangerspëtz Salz

Fir d’Garnitur:

  • 160 g gemuele Mandelen
  • 50 g Zocker
  • 2 Zl Kakaopolver
  • 1 Kl Kanéil
  • ½ Kl Kardamom
  • Eng Neelcheskäpp, gemuel
  • 1 Eewäiss
  • 6 ZL Mëllech
  • eng Fangerspëtz Salz

Ausserdeem:

  • 1 Eegiel
  • 1 ZL Mëllech
  • 24 Schockelas-Pepitten

Gitt d’Miel an den Zocker zesumme mat enger Fangerspëtz Salz an eng grouss Schossel.

Schëtt déi wotlech Mëllech an e Krou oder eng Schësselchen, zergrimmelt d’Hief dran a léist se duerch Réiere komplett op. Gitt déi opgeléisten Hief bei d’Miel, gitt dann de geschmolte Botter an d’Eeër dobäi a kniet den Deeg wärend e puer Minutten. Formt eng Bull aus dem Deeg, leet dës an d’Schossel an deckt se mat engem proppere Kichenduch of. Loosst den Deeg 45 Minutte bei Raumtemperatur opgoen, bis datt e sech verduebelt huet.

Preparéiert iwwerdeems d’Fëllung. Vermëscht all d’Ingrediente bis datt d’Mëschung eng sträichfäeg Konsistenz huet – wann néideg kënnt Dir nach e bësse Mëllech dobäiginn. Stellt dat Ganzt op d’Säit.

Gitt den Deeg op eng Aarbechtsplack, déi Dir mat Miel bestreet hutt, a kniet e kuerz duerch. Deelt den Deeg an 8 gläichméisseg Portiounen op. Fir de Kapp ze formen, huelt vun all Portioun ongeféier 30 g Deeg ewech, rullt en zu enger Bull, ongeféier sou grouss wéi eng Noss – dëst gëtt herno de Kapp.

Rullt de Rescht vum Deeg zu engem Véiereck aus. Besträicht d’Iwwerfläch mat der Garnitur, rullt dann den Deeg op, fir eng oval Form ze kréien. Schneit vun dësem Oval d’Säiten an déi 2 Extremitéiten of, leet dann den Deeg op e Bakblech, dat mat Bakpabeier bedeckt ass. Formt déi ofgeschnidden Deeler zu den zwee Been an den zwee Äerm. Leet d’Bull uewenhin, fir de Kapp ze formen. Widderhuelt dëst mam reschtlechen Deeg.

Deckt d’Boxemännercher mat engem proppere Kichenduch zou a loosst se wärend 30 Minutten opgoen.

Hëtzt an där Zäit de Schäffchen op 200°C Umluft vir a vermëscht d’Eegiel mat e bësse Mëllech.

Besträicht no den 30 Minutten d’Boxemännercher mam Eegiel, dekoréiert se da mat de Schockelas-Pepitten, zwou fir d’Aen an ee fir e Knapp.

Baakt d’Boxemännercher 15 Minutte laang am Schäffchen. Loosst se op engem Gitter ofkillen, éier Dir se zerwéiert.

Selwer gemaach, mat lokalen Ingredienten

Mat dem Miel an de Nuddele vu LE MOULIN bréngt Dir e Stéck Lëtzebuerger Terroir an Är Liblingsplaten.