Banana Bread

Zoubereedung : 20 min

Fir e Cake vun 20×10 cm :

  • 4 zeideg Banannen
  • 100 g Miel GASTRONOMIE LE MOULIN
  • 100 g gemuelen Hieselnëss
  • 2 Kl Hief
  • 120 g brongen Zocker
  • 2 Eeër
  • 50 g Kakuettebotter
  • 100 g Schockela a klenge Stéckelcher
  • 1 Grapp Hieselnëss

Hëtzt de Schäffchen op 180°C Umluft vir.

Klappt an enger Schossel d’Eeër op. Zerdréckt 3 Banannen zu Püree. Vermëscht dann d’Eeër an d’Banannen zesumme mam Kakuettebotter.

Vermëscht an enger anerer Schossel déi dréchen Zutaten a gitt se bei déi viregt Preparatioun.

Gitt d’Hieselnëss zesumme mam Schockela bei den Deeg.

Schëtt den Deeg an eng Form, déi Dir virdrun agefett hutt.

Dekoréiert dat Ganzt mat enger Banann, e puer Hieselnëss a Stéckelcher Schockela.

Baakt de Cake fir 50 Minutte bei 180°C.

Loosst en dann op enger Hiertchen ofkillen, éier Dir en aus der Form huelt.

Enfournez pendant 50 minutes à 180°C.

Laissez refroidir le cake sur une grille avant de le démouler.

Selwer gemaach, mat lokalen Ingredienten

Mat dem Miel an de Nuddele vu LE MOULIN bréngt Dir e Stéck Lëtzebuerger Terroir an Är Liblingsplaten.