Zoubereedung : 30min
Fir 4 Persounen :
Fir d’Vinaigrette:
Kacht d’Nuddelen a kachendem Waasser mat e bësse Salz wärend 12 Minutten. Schëtt se dann of, killt se ënnert dem kale Waasser a stellt se dann op d’Säit.
Iwwerdeems d’Nuddele kachen, schielt d’Kornischongen, schneit se der Längt no duerch an huelt d’Käre mat engem Läffel eraus. Schneit se a Wierfel.
Botzt d’Fréijoerszwiwwelen a schneit se a Scheiwen.
Vermëscht no an no all d’Ingrediente fir d’Vinaigrette an enger Schossel, bis Dir eng glat Vinaigrette hutt.
Gitt d’Nuddelen, d’Kornischongswierfel, d’Freijoerszwiwwelen an d’Edamame-Bounen an eng Zaloteschossel. Schëtt d’Vinaigrette an de gehackte Koriander dobäi a vermëscht alles gutt mateneen. Street déi schwaarz Sesamkären driwwer éier Dir de Plat zerwéiert.
Mat dem Miel an de Nuddele vu LE MOULIN bréngt Dir e Stéck Lëtzebuerger Terroir an Är Liblingsplaten.