Fir 4 Persounen – Zoubereedung: 15 min – Schäffchen: 20 min
400 g Tagliatelle LE MOULIN
500 g Kachkéis fäerdeg am Dëppchen
2 Kl Moschter
100 g gerappte Mozzarella
140 ml flëssege Ram
2 Kl Maizena LE MOULIN Miel fir Zosen
Salz
Fir de Belag:
50 g Panko-Panéiermiel
25 g gerappte Parmesan
40 g geschmolte Botter
2 Kl Moschter
Hëtzt de Schäffchen op 180 °C Umluft vir.
Schëtt d’Nuddelen a kachend Salzwaasser. Soubal d’Nuddelen nees opkachen, loosst se 2 Minutte weiderkachen, bis se net grad al dente sinn. Schëtt se of a schwenkt se mat kalem Waasser, stellt se dann op d’Säit.
Schmëlzt an enger Kasseroll de Kachkéis zesumme mam Moschter, dem Mozzarella an 100 ml Ram. Vermëscht déi reschtlech 40 ml Ram mat Maizena a schëtt alles an d’Kasseroll. Loosst dat Ganzt kache bis eng seemeg Zooss entsteet.
Gitt d’Macaronien an d’Zooss derbäi, vermëscht alles gutt a schëtt dat Ganzt dann an eng Gratinsform, déi mat Botter ageriwwen ass.
Gitt d’Panko-Panéiermiel an de Parmesan an eng Schossel. Vermëscht de geschmoltene Botter mam Moschter. Schëtt en dann op d’Panéiermiel a vermëscht alles.
Verdeelt d’Panéiermiel op de Macaronien an der Gratinsform. Setzt dat Ganzt 20 Minutten an de Schäffchen, bis d’Panéiermiel gutt Faarf ugeholl huet.
TIPP: Wann Dir de Gratin am Viraus virbereede wëllt, da versuergt d’Zooss an der Kasseroll an haalt d’Nuddelen op der Säit. Wiermt d’Zooss op éier Dir d’Nuddelen derbäigitt a fuert da mam Rezept weider. Dëst verhënnert, datt de Gratin ausdréchent.