Zoubereedung: 50 Min. + 1,5 St. am Frigo – Uewen: 10 Min.
Fir 6 Persounen :
Fir de Biscuitsdeeg:
Fir d’Schockelascouverture:
Kleng Chrëschtdekoratiounen
Hëtzt den Uewen op 180°C Umluft vir.
Trennt d’Eewäiss an d’Eegiel a klappt d’Eewäiss mat e bësse Salz op, bis et steif ass. Gitt d’Eegiel an eng Schossel a verréiert et mam Zocker. Gitt d’Miel dobäi a verréiert dat Ganzt nach eng Kéier.
Gitt dat steift Eewäiss an d’Schossel dobäi an hieft et duuss mat engem Bakläffel ënner, bis en gläichméissegen, lëftegen Deeg entsteet.
Verdeelt den Deeg op engem mat Bakpabeier augeluechte Bakblech, a formt e Rechteck vun ongeféier 30x25cm.
Baakt den Deeg 10 Minutte laang am Uewen.
Leet e fiicht Kichenduch prett a verstreet een Iessläffel Zocker doriwwer. Huelt de Biscuitsdeeg aus dem Uewen a loosst e 5 Minutten ofkillen. Tippt en dann op d’Kichenduch an zitt de Bakpabeier erof. Rullt de Biskuit am Kichenduch op a loosst en 30 Minutten op enger Hiertchen auskillen – da brécht den Deeg net, wann Dir e herno rullt.
An der Tëschenzäit kënnt Dir d’Couverture maachen. Verréiert an enger grousser Schossel de Botter mam Pudderzocker zu enger glater Mass. Gitt d’Schockelascrème dobäi a verréiert alles nach eng Kéier. Gitt dann de Kakao, de Vanill-Extrakt, de Ram an e bësse Salz dobäi a verréiert alles bis eng glat Couverture entsteet.
Rullt de Biscuit aus dem Kichenduch eraus a besträicht e mat Couverture. Loosst um Bord 1 cm fräi. Rullt de Biscuit dono op a stellt e fir 30 Minutten an de Frigo. Huelt den opgerullte Biscuit no 30 Minutten aus dem Frigo a besträicht déi ganz Fläch mat der reschtlecher Couverture. Dekoréiert mat Bûche-Dekoratiounen* a stellt Är Bûche op d’mannst 1 Stonn an de Frigo, éier Dir se zerwéiert.
Street virum Zerwéieren nach e bësse Pudderzocker iwwer d’Bûche.
*Mir hunn als Dekoratioun Rosmarin benotzt, dee mir fir d’éischt an d’Waasser an duerno an den Zocker gezappt hunn, an och e puer kleng Champignonen.
Mat dem Miel an de Nuddele vu LE MOULIN bréngt Dir e Stéck Lëtzebuerger Terroir an Är Liblingsplaten.