Eis Nuddelen

Fir richteg gutt Nuddelen ze maachen, brauch ee virun allem emol éischtklasseg Schmull.

Fir dësen hierzestellen, schaffe mir Hand an Hand mat Lëtzebuerger Baueren, an enger nohalteger Approche, déi d’Natur respektéiert. Zanter e puer Generatioune stellen eis Mëller no der Familljentraditioun Schmull aus Spaghettiweesskären hier, déi no strenge Krittäre selektionéiert ginn.

Mat dësem Schmull si mir haut an der Lag, Iech déi éischt an eenzeg Nuddelen unzebidden, déi aus engem Lëtzebuerger Feld stamen.

Mat den Nuddele vu LE MOULIN schmaacht een de lokale Goût vun engem Weess, deen zu Lëtzebuerg ugebaut gëtt, aus Ärer dagdeeglecher Kichen eraus.

Entdeckt eis Gamm

Le Moulin - Pâtes - Pipe Rigate
Le Moulin - Pâtes - Pipe Rigate

Pipe Rigate

Dës kleng, gekrëmmten Nuddelen, déi op béiden Enner op sinn a Rillen op der Uewerfläch hunn, huelen d’Zooss vun Äre Plate perfekt op a maachen domat den Amateure vun der italienescher Kiche vill Freed.

Le Moulin - Pâtes - Macaroni
Le Moulin - Pâtes - Macaroni

Macaroni

Dës kuerz, ronn a glat Nuddelen, déi bannen huel sinn, si wuel déi bekanntsten op der Welt. Si sinn net nëmmen eng wonnerbar Bäilag fir All Platen, déi zum Beispill mat enger liichter Tomatenzooss zerwéiert ginn, et fënnt ee se och oft a Preparatiounen, déi am Schäffchen iwwerbak ginn.

Le Moulin - Pâtes - Penne
Le Moulin - Pâtes - Penne

Penne

Dës kuerz a bannen huel Nuddelen, déi un den Enner schréi ofgeschnidde sinn, eegene sech wonnerbar fir mat üppegen Zosen zerwéiert ze ginn. Dës Zose bleiwe gutt an de Rille vun de Penne haften a suergen dofir fir vill Goût am Mond. Si kënnen och wonnerbar fir Gratine benotzt ginn.

Le Moulin - Pâtes - Spirales
Le Moulin - Pâtes - Spirales

Spirales

Duerch hir originell Form kréien dës kleng gedréinten Tüben eng speziell Textur a Festegkeet. Si eegene sech beschtens fir Gratinen oder kal Zaloten.

Le Moulin - Pâtes - Spaghetti
Le Moulin - Pâtes - Spaghetti

Spaghetti

Dës laang ronn Nuddel, déi wuel berüümtsten aus der italienescher Kichen, gëtt et elo och endlech an enger Lëtzebuerger Versioun. Si passt gutt bei all Zorte vun Zooss a schmaacht Grouss a Kleng.

Le Moulin - Pâtes - Spaghettini
Le Moulin - Pâtes - Spaghettini

Spaghettini

Genee wéi d’Spaghettien hunn d’Spaghettinien hiren Numm vum Wuert “Spago”, dat Schnouer op Italienesch bedeit. D’Spaghettinien hunn awer méi e klengen Duerchmiesser, an dat mécht dës Zort vun Nuddelen extra reng. Si passe gutt bei delikat Platen mat Zosen, déi op Uelegbasis hiergestallt ginn.

Le Moulin - Pâtes - Linguine
Le Moulin - Pâtes - Linguine

Linguine

D’Linguine sinn eng Variant vu Spaghettien. Se si laang a flaach a gi meeschtens mat Platen associéiert, déi mat Zosen a Gewierzer op Basis vu Fruits de mer zerwéiert ginn. An der Variant Al Bronzo ginn d’Nuddelen tëschent zwee Rouleauen aus Bronze auserneegezunn. Si hunn eng méi rau Textur, fir d’Zooss besser op der ganzer Längt verdeelen ze kënnen.

Le Moulin - Pâtes - Fusilli
Le Moulin - Pâtes - Fusilli

Fusilli

Dës kuerz Nuddelen an Tirebouchonsform passen am beschte bei Zose mat Fleesch oder mat Kéis. D’Ingrediente vun Ärem Plat bleiwen effektiv gutt an dëser Form hänken a suergen domat fir maximal vill Goût. Si passen och wonnerbar bei Är Zaloten.

Le Moulin - Pâtes - Spätzle
Le Moulin - Pâtes - Spätzle

Spätzle

Net all d’Nuddele stamen aus Italien. D’Spätzle si virun allem a Süddäitschland, an den italieneschen Alpen, an der Schwäiz, an Éisträich an och am Elsass ganz beléift. Lëtzebuerg, matten op der Kräizung vun dësen europäesche Kulturen, huet mat Recht seng eege Versioun vun dëse räichhaltegen Nuddele mat ganz vill Goût entwéckelt.

Le Moulin - Pâtes - Tagliatelle
Le Moulin - Pâtes - Tagliatelle

Tagliatelle

Dës laang Nuddelen zeechne sech doduerch aus, datt si méi breet a ganz dënn sinn. Si passe bei vill Plate mat méi décken Zosen, wéi déi berüümt Carbonara, a schmaache Grouss a Kleng. Si sinn awer och als Feculent ganz beléift bei méi traditionelle Platen, zum Beispill als Bäilag bei Fleesch oder Fësch.

Déi richteg Kachweis fir eng perfekt Nuddel!

Fir datt eis Nuddele gutt schmaachen, an datt Dir d’Qualitéit an de Goût op Ärem Teller erëmfannt, ass et wichteg, d’Nuddelen op déi richteg Manéier ze kachen.

Gitt d'Nuddelen a räichlech kachend Waasser (1 l fir 100 g Nuddelen).

Respektéiert d'Kachzäit. Schmaacht se reegelméisseg, fir sécher ze sinn, datt d'Nuddelen esou sinn, wéi Dir se gären hutt.

Gitt e bësse Salz an d'Waasser derbäi. Doduerch kréie se net nëmmen e bësse méi Goût, d'Salz verhënnert virun allem, datt d'Nuddelen unenee pechen.

Selwer gemaach, mat lokalen Ingredienten

Mat dem Miel an de Nuddele vu LE MOULIN bréngt Dir e Stéck Lëtzebuerger Terroir an Är Liblingsplaten.

« All Pak LE MOULIN-Nuddelen enthält eng grouss Portioun Expertise, déi eis Mëller iwwert d’Joerzéngten zesumme mat de Lëtzebuerger Baueren entwéckelt hunn, fir Iech en eenzegaartege Goût ze bidden. »– Jean Muller, Direkter vu Moulins de Kleinbettingen

Eis Nuddele stamen vun de Felder, déi direkt an Ärer Géigend sinn.

Eis ganz Gamm vun Nuddele gëtt ausschliisslech aus Lëtzebuerger Spaghettiweess hiergestallt. Mir schaffen enk mat de Baueren zesumme fir d’Qualitéit vum Weess, an domat och déi vun de Nuddele vu LE MOULIN, ze garantéieren.

D’Nuddele ginn hiergestallt aus engem Weess, deen direkt vun engem Feld aus Ärer Géigend kënnt, wéi dat op dëser Kaart ze gesinn ass, op där all d’Bauere lokaliséiert sinn, mat deene mir dëst Joer zesummegeschafft hunn.

Kaart uweisen

Pipe Rigate

Le Moulin - Pâtes - Pipe Rigate

Gebrauch