Eis Mielzorten

Déi verschidde Mielzorte vu LE MOULIN ginn am Respekt vun den Traditiounen, déi vu Generatioun zu Generatioun iwwerdroe goufen, hiergestallt. Eis passionéiert Mëller selektionéieren all Dag no strenge Krittäre Weess aus nohaltegem Ubau zu Lëtzebuerg, aus deem eis héichwäerteg Mielzorte gemuele ginn.

Fir sécherzestellen, datt de Goût vun eise Produiten am Laf vun der Zäit erhale bleift, schaffe mir Hand an Hand mat lokale Baueren, déi eis Passioun fir d’Kären deelen.

D’Miel vu LE MOULIN ass 100 % natierlech an enthält weeder Zousaz- nach Konservéierungsstoffer.

Le Moulin - La gamme des farines Le Moulin - La gamme des farines

Eis Gamm vu lëtzebuerger Miel

D’Miel fënnt een als traditionellen Ingredient a ganz ville kulinaresche Preparatiounen. Mir placéieren eise ganzen Know-how a jidderee vun eise Päck, a begleeden Iech domat an d’Häerz vun Ärer Kichen.

Klassesch Mielzorten

Le Moulin - Farines - Spelz
Le Moulin - Farines - Spelz

Spelz

Fir all Är Platen, déi op der Basis vu Miel hiergestallt ginn, ass Spelz eng exzellent Alternativ zum traditionelle Weessmiel. Spelzmiel ass ganz beléift fir Brout ze maachen, et kann awer och fir vill aner Preparatiounen agesat ginn. Seng Qualitéit, seng héich Närwäerter a säin niddrege Gehalt u Gluten si genee dat Richtegt fir jiddereen, dee Loscht huet, emol eppes anescht ze schmaachen.

Le Moulin - Farines - Fir all Gebrauch
Le Moulin - Farines - Fir all Gebrauch

Fir all Gebrauch

Dëst Miel ass perfekt fir den alldeegleche Gebrauch. Heimat geléngt Iech all Deeg fir eng Taart, e Kuch oder en traditionellt Brout voller Goût. Eist Miel fir all Gebrauch bréngt eng Touche Lëtzebuerg an Är alldeeglech séiss oder gehäerzte Rezepter.

Le Moulin - Farines - Pâtisserie
Le Moulin - Farines - Pâtisserie

Pâtisserie

Fir Är Desserten oder Äert Gebäck recommandéiere mir Iech dëst Miel vum Typ 45, dat aus éischtklassegem Weess hiergestallt gëtt.

Le Moulin - Farines - Gastronomie
Le Moulin - Farines - Gastronomie

Gastronomie

Dëst Miel gëtt no engem eenzegaartege Verfaren, dat mir a laangjäreger Traditioun entwéckelt hunn, gesift, a gëtt aus dem Häerz vum Weesskär hiergestallt. Doduerch datt d’Miel esou reng gesifft ass, entsti beim Kache garantéiert keng Grimmelen. Fir d’Gastronomen: Dëst Miel verbënnt sech perfekt mat Äre delikaten Zosen oder Äre flëssege Preparatiounen (Deeg fir Paangecher oder Eisekuchen).

Bio-Mielzorten

Le Moulin - Farines - Bio-Miel fir all Gebrauch
Le Moulin - Farines - Bio-Miel fir all Gebrauch

Bio-Miel fir all Gebrauch

D’Miel fënnt een als Ingredient a villen alldeegleche Preparatiounen. Dëst natierlecht Miel, dat sech fir all Zwecker eegent, gëtt aus biologesch ugebautem Weess hiergestallt a passt perfekt bei Är alldeeglech Rezepter. Dir kënnt domat kleng Platen kachen, déi net nëmme gesond si mä och nach gutt schmaachen.

Le Moulin - Farines - Pâtisserie Bio
Le Moulin - Farines - Pâtisserie Bio

Pâtisserie Bio

Dëst Miel vum Typ 45 gëtt aus enger Selektioun vun héichwäertegem Weess aus biologeschem Ubau hiergestallt an eegent sech beschtens fir d’Preparatioun vun Ären Desserten an Ärem Gebäck.

Spezial-Miel

Le Moulin - Farines - Bauerebrout
Le Moulin - Farines - Bauerebrout

Bauerebrout

Mat eiser Mëschung aus Weess, Kar a Leinsame kritt Dir e Brout, dat net nëmme voller Goût mä och nach räich un Omega-3 ass.

Le Moulin - Farines - Schmull
Le Moulin - Farines - Schmull

Schmull

Eise Schmull gëtt aus Spaghettiweess hiergestallt a ka fir vill verschidde Rezepter benotzt ginn. En eegent sech perfekt fir Nuddelen an Gnocchien, kann awer och benotzt gi fir Pudding ze maachen oder als Panéiermiel.

Le Moulin - Farines - Pizza
Le Moulin - Farines - Pizza

Pizza

Fir e gudde Pizzasdeeg ze maachen, brauch een e Weessmiel voller Proteinnen, dat ee laang opgoe léisst, an dat doduerch ganz elastesch gëtt. LE MOULIN huet opgrond vu senger Expertise e Miel vum Typ 00 entwéckelt, dat ideal ass fir Pizzaen, déi bausse krupseg a banne schéi mëll sinn.

Wéi wielt ee säi Miel am beschten aus?

Ee Miel ass net ewéi dat anert. Dofir ass et wichteg, dat passend Miel erauszesichen, fir datt Är Rezepter och geléngen.

Et ass effektiv net méiglech, mat deem selwechte Miel en Deeg fir Paangecher, e Kuch oder e Brout hierzestellen. Mir hunn dofir eng breet Gamm u Mielzorten entwéckelt, fir datt Iech all Är Rezepter geléngen.

Firwat soll Äert Miel gebraucht ginn?

Zosen
Paangecher
Fir ze panéieren
Kuchen
Fueskichelcher
Taarten
Brout
Wäisst Brout
Pizza

Selwer gemaach, mat lokalen Ingredienten

Mat dem Miel an de Nuddele vu LE MOULIN bréngt Dir e Stéck Lëtzebuerger Terroir an Är Liblingsplaten.

« Duerch eis Expertise, déi aus enger laanger Familljentraditioun ervirgeet, kënne mir Iech natierlecht Miel mat vill Goût ubidden, dat direkt vun der Natur inspiréiert ass. »– Jean Muller, Direkter vu Moulins de Kleinbettingen

Bauerebrout

Le Moulin - Farines - Bauerebrout Le Moulin - Farines - Bauerebrout

Gebrauch

Mat eiser Mëschung aus Weess, Kar a Leinsame kritt Dir e Brout, dat net nëmme voller Goût mä och nach räich un Omega-3 ass.

Schmull

Le Moulin - Farines - Schmull Le Moulin - Farines - Schmull

Gebrauch

Eise Schmull gëtt aus Spaghettiweess hiergestallt a ka fir vill verschidde Rezepter benotzt ginn. En eegent sech perfekt fir Nuddelen an Gnocchien, kann awer och benotzt gi fir Pudding ze maachen oder als Panéiermiel.

Pizza

Le Moulin - Farines - Pizza Le Moulin - Farines - Pizza

Gebrauch

Fir e gudde Pizzasdeeg ze maachen, brauch een e Weessmiel voller Proteinnen, dat ee laang opgoe léisst, an dat doduerch ganz elastesch gëtt. LE MOULIN huet opgrond vu senger Expertise e Miel vum Typ 00 entwéckelt, dat ideal ass fir Pizzaen, déi bausse krupseg a banne schéi mëll sinn.

Bio-Miel fir all Gebrauch

Le Moulin - Farines - Bio-Miel fir all Gebrauch Le Moulin - Farines - Bio-Miel fir all Gebrauch

Gebrauch

D’Miel fënnt een als Ingredient a villen alldeegleche Preparatiounen. Dëst natierlecht Miel, dat sech fir all Zwecker eegent, gëtt aus biologesch ugebautem Weess hiergestallt a passt perfekt bei Är alldeeglech Rezepter. Dir kënnt domat kleng Platen kachen, déi net nëmme gesond si mä och nach gutt schmaachen.

Pâtisserie Bio

Le Moulin - Farines - Pâtisserie Bio Le Moulin - Farines - Pâtisserie Bio

Gebrauch

Dëst Miel vum Typ 45 gëtt aus enger Selektioun vun héichwäertegem Weess aus biologeschem Ubau hiergestallt an eegent sech beschtens fir d’Preparatioun vun Ären Desserten an Ärem Gebäck.

Spelz

Le Moulin - Farines - Spelz Le Moulin - Farines - Spelz

Gebrauch

Fir all Är Platen, déi op der Basis vu Miel hiergestallt ginn, ass Spelz eng exzellent Alternativ zum traditionelle Weessmiel. Spelzmiel ass ganz beléift fir Brout ze maachen, et kann awer och fir vill aner Preparatiounen agesat ginn. Seng Qualitéit, seng héich Närwäerter a säin niddrege Gehalt u Gluten si genee dat Richtegt fir jiddereen, dee Loscht huet, emol eppes anescht ze schmaachen.

Fir all Gebrauch

Le Moulin - Farines - Fir all Gebrauch Le Moulin - Farines - Fir all Gebrauch

Gebrauch

Dëst Miel ass perfekt fir den alldeegleche Gebrauch. Heimat geléngt Iech all Deeg fir eng Taart, e Kuch oder en traditionellt Brout voller Goût. Eist Miel fir all Gebrauch bréngt eng Touche Lëtzebuerg an Är alldeeglech séiss oder gehäerzte Rezepter.

Pâtisserie

Le Moulin - Farines - Pâtisserie Le Moulin - Farines - Pâtisserie

Gebrauch

Fir Är Desserten oder Äert Gebäck recommandéiere mir Iech dëst Miel vum Typ 45, dat aus éischtklassegem Weess hiergestallt gëtt.

Gastronomie

Le Moulin - Farines - Gastronomie Le Moulin - Farines - Gastronomie