Weess a Spaghettiweess
Aus deene verschiddenen Zorte vu Weess, deen op Franséisch “blé tendre” oder och nach “Froment” genannt gëtt, gëtt Miel gemaach, aus dem Spaghettiweess gëtt de Schmull hiergestallt, dee sengersäits als Basis fir d’Hierstellung vun Nuddele benotzt gëtt.
Den Spaghettiweess ënnerscheet sech vum gewéinleche Weess duerch seng Éien mat hire laangen effiléierte Spëtzten, déi een och nach “Baart” nennt. Dës Eegenschaft huet ëm de Spëtznumm “blé barbu”, also wuertwiertlech “Baartweess” abruecht. Och an der Faarf ënnerscheet e sech vum gewéinleche Weess. Spaghettiweess ass natierlech räich u Proteinnen, Kuelenhydrater an u Vitaminn B, dëst erkläert säin héijen Närwäert.
