#ECHENNERSTETZENDCROIXROUGE

EIS ZESUMMENAARBECHT MAT DER LËTZEBUERGER CROIX-ROUGE

D’Missioun vun der Lëtzebuerger Croix-Rouge besteet doran, deene Schwächsten ënnert eis ze hëllefen, würdevoll an autonom ze liewen. Mat eisem Engagement fir dës Associatioun wëlle mir déi aacht sozial Epicerien uechter d’Land ënnerstëtzen, déi et Leit an enger prekärer Situatioun erméiglechen, sech mat gesonde Produiten ze ernären. Mir ënnerstëtzen domat och der Croix-Rouge hir iwwer honnertjäreg Verbonnenheet mam Land a sengen Awunner, an et ass fir eis eng schéi Manéier, un der Säit vun hiren 3.500 Benevolle matzeschaffen.

WÉI ËNNERSTËTZE MIR D’ASSOCIATIOUN?

Am Virfeld vum Nationalfeierdag engagéiert LE MOULIN sech fir d’Lëtzebuerger Croix-Rouge. Tëscht dem 14. an dem 22. Juni kritt all Stot zu Lëtzebuerg e Pak Spaghetti vu LE MOULIN.

Dës bis haut eemoleg Verdeelung erfollegt an Zesummenaarbecht mat POST , déi domat och d’Croix-Rouge ënnerstëtzt.

All Stot gëtt invitéiert, eng Foto vu sengem Pak Le Moulin Spaghetti op de sozialen Netzwierker mam Hashtag #EchEnnerstetzenDCroixRouge ze verëffentlechen. Fir all Foto, déi gepost gëtt, engagéiere mir eis, e Pak Nuddelen un d’Associatioun ze spenden.

WÉI KËNNT DIR MATMAACHEN ?

Dat ass ganz einfach! Dir braucht nëmmen eng Foto vun Ärem Pak Le Moulin Spaghetti ze maachen a se op Ärem Instagram-Kont am ëffentleche Modus oder op der Facebook-Säit @lemoulin1704 mam Hashtag vun der Aktioun #EchEnnerstetzenDCroixRouge ze publizéieren.

Dir hutt Äre Pak Spaghetti vu LE MOULIN nach net kritt? Kontaktéiert eis.

0
Päck Nuddele gesammelt

Vos questions

D’Mark LE MOULIN ass d’Mark vun de Moulins de Kleinbettingen aus der Uertschaft mam selwechten Numm, am Süde vu Lëtzebuerg. E Familljebetrib, wou all Dag de Weess verschafft gëtt, fir Miel a Schmull hierzestellen.

D’Mark LE MOULIN, déi et nëmmen zu Lëtzebuerg gëtt, bitt haut eng breet Gamm vu Mielzorten a Nuddelen aus dem lokalen Terroir un.

Eis Nuddele LE MOULIN ginn exklusiv aus Lëtzebuerger Weess gemaach. Duerch déi laangjäreg Zesummenaarbecht tëschent de Moulins de Kleinbettingen an de lokale Baueren, verschaffe mir de Weess vun de Lëtzebuerger Felder fir Schmull ze maachen. Dësen ass den Haaptingredient vun eisen Nuddelen.
Esoubal Är Foto verëffentlecht ass, engagéiere mir eis, ee Pak Nuddele LE MOULIN dem Roude Kräiz ze ginn. Et ass also kee finanziellen Don, mä en Don a Form vun engem Produit, deen direkt de solidareschen Epicerien zur Verfügung gestallt gëtt.

Jo, wann Dir Äre Pak Spaghetti LE MOULIN net hale wëllt, kënnt Dir en direkt Ärem Bréifdréier nees zeréckginn. Hie sammelt d’Päk an a gëtt se eis duerno, fir datt mir se mat deenen aneren Donen un d’Rout Kräiz kënne weiderginn.

Wann Dir méi maachen an Iech als Benevole asetze wëllt, da gitt op de Site vum Lëtzebuerger Roude Kräiz, an dann an d’Rubrik “Machen Sie bei uns mit”.