Eis Philosophie
Als Lëtzebuerger Acteur engagéiere mir eis fir eise lokalen Ekosystem a fillen eis dofir verantwortlech. Mir probéieren deemno all Dag, alles wat méiglech ass, zu Lëtzebuerg ze produzéieren. Wann eppes net op eisem Territoire hiergestallt ka ginn, da kucke mir eis an der Regioun ëm, woubäi mir eis ëmmer ëm méiglechst kuerz Weeër beméien. D’Kar, dat mir fir d’Hierstellung vun eisem Schmull a Miel brauchen, beschafe mir eis aus engem relativ klenge Gebitt. Dëst erlaabt eis, no bei de Baueren ze bleiwen, gutt mat hinnen zesummenzeschaffen an dofir ze suergen, datt si eng fair Remuneratioun fir hir Aarbecht kréien.
Eis Entwécklung steet am Zeeche vun enger permanenter Verbesserung, déi net nëmmen dem Betrib, mä och dem ganzen Ekosystem an eise Clienten zegutt komme soll. Wann Dir Suggestiounen hutt, wéi mir eis weider verbessere kënnen, dann zéckt net, eis déi matzedeelen.
Kontaktéiert eis

Pionéier an engagéiert fir eng nohalteg Landwirtschaft

Als onofhängegen Acteur, dee sech fir eng nohalteg a verantwortungsvoll Landwirtschaft asetzt, huet d’Famill Muller zesumme mat der Landwirtschaftskummer d’Produktiounsketten “Produit du Terroir” an d’Liewe geruff. Iwwer dee Wee engagéiert sech LE MOULIN op der Säit vun de lokale Bauere fir de Weess am Respekt vum Buedem a vum Produit opzewäerten, a Miel an Nuddelen unzebidden, déi 100 % natierlech a voller Goût sinn.